LU FR EN

Führerschäin vun der Kategorie

B Begleetfueren


De Kandidat fir e Führerschäin vun der Kategorie B ka sech fir de Regime vum Begleetfueren entscheeden,
déi eng ergänzend Léier zur déi vun der Fahrschoul ausmécht.

Nom erfollegräichen Ofschloss vum theoreteschen Examen an no der praktescher Formatioun vun 12 Stonnen an der Fahrschoul,
kënnt Dir Är praktesch Ausbildung weider mat engem Elterendeel oder Bekannten maachen,
deen Iech op Grond vu senger perséinlecher Erfahrung hëlleft a Rotschléi gëtt
an esou Äert Verantwortungssënn entwéckelt.


Mindestalter:

- 17 Joer.


Néideg Ënnerlagen fir den Antrag vum Führerschäin vun der Kategorie B:

  • - En Attest vum Dokter (manner ewéi 3 Méint al);
  • - Eng rezent Passfoto (vu fir opgeholl) am Format 45 x 35mm;
  • - Fotokopie vun Ärem Ausweis;
  • - Fotokopie vun Ärem Führerschäin
    (wann Dir eng aner Kategorie hudd);
  • - E rezenten Extrait aus dem Casier vum Hierkonftsland
    wann Dir säit manner ewéi 5 Joer zu Lëtzebuerg wunnt an Volljäreg sidd.

wann Dir Mannerjäreg sidd:

  • - Eng Ënnerschrëft op der Demande vun engem Elterendeel;
  • - Fotokopie vum Ausweis vum Elterendeel.

Verschidde zousätzlech Dokumenter sinn erfuerderlech
fir den Antrag vum Dossier vun der Begleetspersoun :

  • - Zertifikat vun der Versécherungsagence mat folgend Informatiounen:
    Ären Numm, dee vum Begleeder
    an d'Donnéeën vum Gefier, dee fir d'Begleetfuere benotzt gëtt;
  • - Fotokopie vum Ausweis ;
  • - Fotokopie vum Führerschäin;

De Begleeder/ D'Begleederen muss / mussen:

  • - Elteren, Alliéierten am 1. oder 2. Grad oder bekannten vum Kandidat sinn;
  • - Säin Führerschäin säit wéinstens 6 Joer hunn;
  • - Net fir e Verkéiersverstouss veruerteelt sinn
    an och net an de leschten 3 Joer hiert Fuerrecht verluer hunn;

Mat Ausnam vun den Elteren an Alliéierten bis zum 2. Grad (Elteren, Grousselteren, Bridder a Schwësteren),
kee kann méi ewéi ee Kandidat gläichzäiteg begleeden.


Begleetfueren kann ufänken wann:

  • - Dir den theoreteschen Examen gepackt hutt ;
  • - Dir op d'mannst 12 praktesch Stonnen an der Fahrschoul ofgeschloss hutt ;
  • - De Begleeder war fir 2 praktesch Stonnen dobäi
    déi vum Fahrlehrer ofgehalen gi sinn;
  • - Den Zertifikat d'Apprentissage ass vum Fahrlehrer fir d'Begleedfueren validéiert ginn.

prakteschen Examen:

  • - Fir de prakteschen Examen ze maachen,
    musst Dir op d'mannst 4 zousätzlech Stonnen mat Ärem Fahrlehrer fueren.

Am Fall vun engem Echec am prakteschen Examen,
musst Dir 5 Stonnen mam Fahrlehrer fueren,
éier Dir nees mam Begleedfueren ufänken dierft.
Fir Iech nees am prakteschen Examen presentéieren ze dierfen
muss Dir nom Begleedfueren nach 3 praktesch Stonnen mam Fahrlehrer fueren.
(Total: 8 Stonnen)