LU FR EN

Führerschäin vun der Kategorie A

(Moto))



De Führerschäin vun der Kategorie A erlaabt folgend Gefierer ze fueren:

  • - Motorrad;
  • - Motorrad ≤ 125 cm3;
  • - Mofa mat 2 oder 3 Rieder;
  • - Quad;
  • - Trike.

Erweiderung vun A2 op A

De Kandidat muss de Führerschäin vun der Kategorie A2 säit op d'mannst 2 Joer hunn an
hien muss déi obligatoresch Ausbildung am Centre de Formation pour Conducteurs um Colmar-Bierg ofgeschloss hunn.
Eng praktesch Ausbildung vun 4 Stonnen gëtt an der Fahrschoul ofgehalen,
awer ouni theoreteschen oder prakteschen Examen!


Néideg Ënnerlagen fir den Antrag vum Führerschäin vun der Kategorie A :

  • - En Attest vum Dokter (manner ewéi 3 Méint al);
  • - Eng rezent Passfoto (vu fir opgeholl) am Format 45 x 35mm;
  • - Fotokopie vun Ärem Ausweis;
  • - Fotokopie vun Ärem Führerschäin;
  • - E rezenten Extrait aus dem Casier vum Hierkonftsland
    wann Dir säit manner ewéi 5 Joer zu Lëtzebuerg wunnt an Volljäreg sidd.