Führerschäin vun der Kategorie B96
(Unhänger >750kg)
De Führerschäin vun der Kategorie B96 ass erfuerderlech fir folgend Gefierer ze fueren:
-
- Unhänger, maximal zulässlecher Gesamtmass (MMA) vun de gekoppelte Gefierer
(Gefier + Unhänger) muss zwëschen 3500 kg an 4250 kg leien;
- - D'maximal zulässlech Gesamtmass vum Auto dierf net iwwer 3500 kg leien;
- - D'maximal zulässlech Gesamtmass vum Unhänger dierf iwwer 750 kg leien.
Néideg Ënnerlagen fir den Antrag vum Führerschäin vun der Kategorie B96:
- - Eng rezent Passfoto (vu fir opgeholl) am Format 45 x 35mm;
- - Fotokopie vun Ärem Ausweis;
- - Fotokopie vun Ärem Führerschäin;
Formatioun:
- Eng theoretesch an praktesch Formatioun vun 7 Stonnen,
awer ouni theoreteschen oder prakteschen Examen!