LU FR EN

Führerschäin vun der Kategorie B100

(Motorrad ≤ 125 cm3)



De Führerschäin vun der Kategorie B100 erlaabt folgend Gefierer ze fueren:

  • - Motorrad mat engem Hubraum ≤ 125 cm3, enger Leeschtung ≤ 11KW
    an mat engem Verhältnis Leeschtung/Gewicht ≤ 0,1 kW/kg;
    awer nëmmen um Territoire vum Grand-Duché de Luxembourg.

Konditiounen:

  • - Führerschäin vun der Kategorie B
    säit op mannst 2 Joer besëtzen.

Néideg Ënnerlagen fir den Antrag vum Führerschäin vun der Kategorie B100:

  • - En Attest vum Dokter (manner ewéi 3 Méint al);
  • - Eng rezent Passfoto (vu fir opgeholl) am Format 45 x 35mm;
  • - Fotokopie vun Ärem Ausweis;
  • - Fotokopie vun Ärem Führerschäin;
  • - E rezenten Extrait aus dem Casier vum Hierkonftsland
    wann Dir säit manner ewéi 5 Joer zu Lëtzebuerg wunnt an Volljäreg sidd.

praktesch Formatioun:

Eng theoretesch an praktesch Formatioun vun 7 Stonnen,
awer ouni theoreteschen oder prakteschen Examen!