LU FR EN

Führerschäin vun der Kategorie AM

(Mofa ≤ 50 cm3)



De Führerschäin vun der Kategorie AM erlaabt folgend Gefierer ze fueren:

  • - Mofa mat 2-, 3- an 4 Rieder
  • (bis 50 cm3 an bis 45 km/h).

Mindestalter:

- 15 1/2 Joer.


Néideg Ënnerlagen fir den Antrag vum Führerschäin vun der Kategorie AM:

  • - En Attest vum Dokter (manner ewéi 3 Méint al);
  • - Eng rezent Passfoto (vu fir opgeholl) am Format 45 x 35mm;
  • - Fotokopie vun Ärem Ausweis;
  • - Fotokopie vun Ärem Führerschäin
    (wann Dir eng aner Kategorie hudd);
  • - E rezenten Extrait aus dem Casier vum Hierkonftsland
    wann Dir säit manner ewéi 5 Joer zu Lëtzebuerg wunnt an Volljäreg sidd.

wann Dir Mannerjäreg sidd:

  • - Eng Ënnerschrëft op der Demande vun engem Elterendeel;
  • - Fotokopie vum Ausweis vum Elterendeel.


Mindestunzuel un Theoriestonnen:

  • - 12 Stonnen;

Am Fall vun engem Echec am theoreteschen Examen, musst Dir
d'Halschent vun den erfuerderlechen Theorie Stonnen beleeën, éier Dir nees an den Examen kënnt goen.


praktesch Formatioun:

praktesch Formatioun vun 7 Stonnen, ouni prakteschen Examen!


Austellung vum Führerschäin :

No der Formatioun, kritt Dir de Führerschäin per Post.